1
T71
2
Amicale
3
AB Contern
4
Arantia
5
Sparta
6
Musel-Pikes
08.03.14 20h30
15.03.14 20h30
22.03.14 16h00
29.03.14 20h30
04.04.14 20h45
06.04.14 17h00
1
T71
2
Basket Esch
3
Musel Pikes
4
Etzella
5
AB Contern
6
Amicale
7
Sparta
08.03.14 18h45
15.03.14 20h30
22.03.14 16h00
29.03.14 20h30
04.04.14 20h45
06.04.14 17h00

LATEST TOPICS

Etzella Ettelbreck ziteiert Sparta Bartreng virun Zivilgeriicht

Am Fall Larrie Smith well d'Etzella Ettelbreck dann also elo op d'Ganzt goen an scheit net dervunner den Sparta Bartreng virun en Zivilgeriicht ze ziteiren. Den Sparta Bartreng kruut iwert den Wee vun engem Huissier de Justice eng Assignation en référé virun de Juge des Référés.

Desen Fall scheint dann en fatzegen Steen un d'Rullen ze brengen an dei bestoend Statuten vun der FLBB fatzeg an Fro ze stellen waat dei aktuellt Transfersreglementatioun betrefft. Emmer mei scheint dann d'Fro sech ze stellen: Waat sin eis Statuten vun Federatiounen nach wärt?

Gordana Bedalov nei Verstärkung bei den Dammen

Den Sparta Bartreng huet eng nei Spillerin ob der Auslännerpositioun.
Et handelt sech em dei 1m91 grouss Kroatin GODANA BEDALOV.
D'Godana , 30 Joer aal, huet an den vergaangenen Joren stänneg an der eischter kroatescher Liga gespillt. Sain leschten Verain wor Rockwool Pula.

Domader ass och eis Dammenekipp mat sengem neien italieneschen Coach Antonio d'albero prett viir dei nei Saison.

Neien Trainerstaff bei den Dammen

Als neien Trainerstaff vun den Dammen gouf den italieneschen Duo Antonio d'Albero als Head-coach an d'Florencia Palacios (Ass.-Coach) engageiert. Dei zwee sin och schons zenter desem Weekend am Land. Niewend den Dammen traineieren sie awer och nach verschidden Jugendekippen bei den Jongen an den Meedercher.

Den Antonio huet eng langjähreg Erfahrung als Coach an daat trotz sengem jonken Alter. Florencia huet niewend dem italieneschen och en argentineschen Pass an huet do jorelaang an der Nationalekipp gespillt.

Saison 2014/2015

Eis 2 amerikanesch Spiller sin zu Bartreng ukomm an hun hieren eischten Training hannert sech. Den Keith Steffeck and den Sherman Blanford logeieren zu Dommeldeng am Parc Hotel. Niewt den 2 Neizougäng Frank Wiseler an Joé Kalmes sin sie direkt an den Training ageklomm.

NEWS SPARTEENS Saison 2014/2015 (update 19.08.2014)

La saison 2014/2015 a été présentée lors d'une réunion d'informations samedi le 12 juillet lors du Familyday.

Le programme détaillé des entraînements est accessible en haut de la page principale.
ATTENTION! Date à retenir (date modifiée !!!): Season Opening samedi le 13 septembre toute la journée au Centre Atert à Bertrange (programme détaillé suivra)

Voici les informations sur les différentes catégories:

PREPOUSSINS (garçons et filles 2005/2006/2007):

SCOLAIRES SIN CHAMPION !!!

Nohm Match geint Esch, den Tabellenzweeten deen kloer mat 96 op 53 gewonn gouf ass den Championstitel viir eis Scolaires Jongen perfekt. Sie spillen nexten Sonden um 18h15 am Centre Atert hieren leschten Match geint Etzella.

Félicitatiounen un den ganzen Spillerkader vun eisen Jongen an hierem Coach Philippe Giberti !!!

Bob Adam neien Härecoach bei der Sparta

Dei eischt Weichen viir d'Zukunft sin gestallt. Mam Bob Adam kent en freieren Spartaspiller ob den Trainerstull. Den Duo Adam/Horsmans soll an Zukunft d'Leedung vun eisen Hären iwerhuelen. Den Bartrenger Bob Adam huet den Basket bei der Spartta geleiert, eier hien Mett der 90er ob den Racing an dono weider op Contern gewiesselt ass. Hien huet als Spiller vill Titelen gesammelt an wor och laang Joren Pillier vun der Nationalekipp.

Jacques Sitz netmei Trainer vun eiser Dammenekipp !

Den BBC Sparta Bartreng deelt mat dass sech d'Wéer vum Jacques Sitz an der Sparta Dammenekipp an Zukunft trennen. Den Jacques Sitz war massgeblech drun bedeelegt viir nohm Opstieg vun virun 2 Joer eis Dammenekipp no viir ze brengen. Lescht Joer konnten sech eis Dammen sensationnel viir den Final Four qualifizeieren. Desst Joer hun sie leider onglecklech den Top 6 net gepackt, mee woren awer an der Finale vun der Coupe des Dames vertrueden. An den nexten Deeg entscheed sech ob den Jacques Sitz nach weiderhin am Jugendberaich vum Sparta Bartreng aktiv bleiwt.

Pages